Secrétaire médicale en chef – CDI
D’Recrutementscabinet ManpowerGroup sicht fir säi Client, eng renomméiert medezinesch Grupp, eng(n) méi Sproocheg Secrétaire médicale en chef – CDI
Plaz: Lëtzebuerg
Är Missiounen:
- Gestioun vun allen administrativen Aufgaben vum Sekretariatspool vun der medezinescher Grupp.
- Koordinatioun a Leedung vun den Aktivitéiten an dem Personal vum Sekretariatspool.
- Haaptkontaktpersoun fir d’Dokteren: Agenda-Management, Bezéiung mat de Patienten, Reuniounsprotokoller, asw.
- Iwwerhuele vun enger Backup-Roll bannent dem Sekretariatsteam.
- Definitioun, Optimiséierung a Gestioun vun administrativen Prozesser.
- Supervisioun vun der Fakturatioun a genee administrativ Nofolleg vun de Patienten-Dossieren.
Äre Profil:
- Besëtz vun engem BAC+3 Diplom oder méi.
- Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch fléissend beherrschen; Däitsch a Portugisesch sinn en Avantage.
- Minimum 3 Joer Erfahrung an enger ähnlecher Positioun, idealerweis an engem medezineschen Ëmfeld.
Wichteg Kompetenzen:
- Exzellent schriflech a mëndlech Kommunikatiouns-, Analyse- a Schreifkompetenzen.
- Fäegkeet, stressend Situatiounen roueg a professionell ze meeschteren.
- Probleemer erkennen, korrektiv Moossnamen proposéieren a Konflikter léisen.
- Selbststännegkeet, Genauegkeet, Punktualitéit a Gestioun vun Prioritéiten.
- Empathie, Frëndlechkeet a Sënn fir Vertraulechkeet (médezinesche Geheimnis).
Wat mir ubidden:
- Eng Méiglechkeet, Deel vun enger renomméierter medezinescher Grupp ze ginn.
- Eng responsabel Positioun mat villfältegen Aufgaben.
- D’Chance, de Service nei ze reorganiséieren.